Musée Guimet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Musée Guimet zu Paräis

De Musée Guimet (mam ganzen Numm Musée national des Arts asiatiques-Guimet) ass e Musée am 16. Arrondissement zu Paräis.

E gouf 1889 op Initiativ vum Industriellen Émile Guimet opgeriicht, an ass haut de staatleche Musée fir Konscht aus Asien. E gouf 1960 vun der Jeannine Auboyer reamménagéiert; 1991 koum eng Dépendence bäi, déi Panthéon bouddhique genannt gëtt. Zum Musée gehéiert e klenge japanesche Gaart.

De Musée Guimet huet déi gréisste Sammlung vun asiatesche Konschtobjete baussent Asien.

[änneren] Literatur

  • Emile Guimet: Huit jours aux Indes in: Le Tour du Monde, Neuauflage, Paris, 2007, Phébus, ISBN 978-2-7529-0251-1
Commons: Musée Guimet – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Um Spaweck

Paris-metropolitan-area-symbol.png Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen