Nationaldivisioun

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Nationaldivisioun (Division Nationale) ass déi héchst lëtzebuergesch Spillklass (Liga) an enger Sportaart. Am bekanntsten ass d'Foussball Nationaldivisioun.

An der Reegel gëtt all Joer (Saison) de lëtzebuergesche Meeschter (Champion) an där Divisioun ermëttelt.

De Spilloflaf ass meeschtens sou, datt all d'Ekippen an där Klass zwéi Matcher (Heem- an Auswäertsspill) géintenee spillen. Déi aus de jeeweils erzilte Punkten (Beispill Foussball: 3 fir Gewonnen an 1 fir e Gläichspill) ermëttelt Tabell, bestëmmt um Enn vun der Saison de Meeschter, respektiv d'Play-Off-Kanditaten.

An de meeschte Sportaarte gëtt nieft der Nationaldivisioun och nach d'Coupe gespillt, wou de Gewënner duerch K.O.-System bestëmmt gëtt.

Nationaldivisiounen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]