Nicolas Pietkin

Vu Wikipedia
Monument fir den Abbé Pietkin zu Sourbrodt

Den Abbé Nicolas Pietkin gebuer zu Malmedy de 6. Dezember 1849, an och do an der Clinique gestuerwen den 9. Januar 1921, war Paschtouer vu Sourbrodt vun 1881 bis zu sengem Doud.

Hien huet zu Bonn e Philosophie- an Theologiestudium gemaach a gouf de 24. August 1875 zu Köln zum Geeschtleche geweit.

Hie war an Oppositioun zum Kulturkampf an huet sech vun 1876 a senger Heemecht, wéi Däitsch d'administrativ Sprooch gouf, fir d'Wallounesch an d'Franséisch agesat.