Nikolaus Wark

Vu Wikipedia
Dëse Chimiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesch-däitsche Metallurgist. Fir de lëtzebuergeschen Erzéier an Auteur, kuckt wgl. Nikolaus Warker.
Nikolaus Wark
Gebuer 18. Januar 1881
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Metallurgist

Den Dr. Nikolaus Wark, gebuer den 18. Januar 1881 als Jean Nicolas Warck zu Béiwen an der deemoleger Gemeng Meecher[1] a gestuerwen ?.., war e lëtzebuergesche Metallurgist an Enseignant[2].

Vun 1904 bis 1909 huet de Wark op der Technescher Héichschoul Oochen studéiert. 1912 krut hie mat senger Dokteraarbecht iwwer Zementit den Titel Doctor rerum naturalium. Hie war spéider techneschen Direkter vum Stahlwerk Becker zu Willich a vun 1934 bis 1938 huet den Nikolaus Wark op der RWTH zu Oochen Course ginn[2].

Aus bis elo onbekannte Grënn ass hien 1938 op Heerlen an Holland gaangen an duerno an England wou en och warscheinlech gestuerwen ass[3].

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • 1911: Bestimmung der Löslichkeitslinie des Eisencarbids (Fe3C) in γ-Eisen. Untersuchungen über die Polyederstruktur in Eisen-Kohlenstofflegierungen
  • 1930: Verfahren und Vorrichtung zur Verminderung der Staubverluste an Schacht­öfen (bekannte Brevet)[4],[5],[6]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt Nr. 1881/3 vum 19. Januar 1881 aus der Gemeng Meecher
  2. 2,0 2,1 Ulrich Kalkmann: Die Technische Hochschule Aachen im Dritten Reich (1933–1945), 2003, S. 533.
  3. https://www.forces-war-records.co.uk/hitlers-black-book/person/1761/doctor-nikolaus-wark/
  4. http://delibra.bg.polsl.pl/Content/17742/P-770_1930_Nr50.pdf
  5. http://spisy.upv.cz/Patents/FullDocuments/45/45788.pdf
  6. http://pubserv.uprp.pl/publicationserver/Temp/ek3bne10jgj3fete4hp1ot1qq0/PL15568B1.pdf