One Piece

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Critèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Dem Ruffy säi Fändel

One Piece ass ee Manga, dee vum Eiichiro Oda gezeechent gëtt an deen e groussen Erfolleg an der ganzer Welt kennt. One Piece gëtt et zënter 1997 an ass och als Anime adaptéiert ginn. Vu One Piece si bis ewell 53 Bänn op Däitsch an op Franséisch iwwersat ginn.

Inhaltsverzeechnes

D'Handlung[änneren]

Resumé[änneren]

Bei One Piece geet et ëm d'Abenteuer vum Pirat Monkey D. Ruffy a senger Mannschaft, wéi si probéieren de One Piece ze kréien. Deen ass vum Piratekinnek Gol D. Roger iergendwou op der Welt verstoppt ginn, nodeems hien als eenzege mat senger Mannschaft d'Insel Unikon, déi lescht Insel vun der Grand Line, erreecht huet. D'Grand Line ass e Mier, dat vun de Calm Belts agegrenzt gëtt an eigentlech nëmmen iwwer de River's Mountain z'erreechen ass. Mee d'Marine, Gesetzeshidder, hunn ee Wee fonnt fir iwwer de Calm Belt ze goen, well de Problem deen ass, datt de Calm Belt mat gigantesche Séikinneke bevëlkert ass. Am Laf vun der Geschicht fënnt de Ruffy nei Frënn, mat deenen hien d'Grand Line bezwéngt.

Handlung[änneren]

D'Geschicht fänkt domat un datt de Ruffy, wéi e kleng war, an dem Schanks seng Mannschaft goe wëll. De Schanks rett hie virun engem Monster a verléiert säin Aarm dobäi. 10 Joer duerno fänkt dem Ruffy seng Rees un. Hie kënnt fir d'éischt u Bord vun engem Faass op dem Alvida (Pirat) säi Schëff. Do léiert hien de Korby kennen, deen hie spéider rett. Duerno ginn di zwee an eng Stad, wou de Ruffy hofft een neie Matleefer fir seng Mannschaft ze fannen. Duerno verléisst hie mam Zorro a senger Mannschaft a mam Korby an der Marine d'Insel.

Si kommen dann an eng Stad wou de Buggy, e Pirat, sech installéiert huet. Hien dréit domat, d'Stad ze zerstéieren an do trëfft de Ruffy op d'Nami. Si ass Navigatorin a wëll eng Kaart, déi de Buggy huet. Si trickst de Ruffy aus, a liwwert en dem Buggy aus, fir dem Buggy seng Kaart ze klauen. De Ruffy kënnt fräi a mam Zorro senger Hëllef gëtt en de Buggy Meeschter.

Mam Nami gi se da vun der Insel, an treffen op de Lysop. Dee lieft op enger Insel, déi vu Piraten ugegraff gëtt. De Ruffy wäert se mam Zorro a mam Nami da besäitegen.

Duerno treffe se de Sanji, dee Kach op Séi ass. Op eemol gëtt d'Schëff vun anere Piraten ugegraff, bei deenen d'Schëff dann zerstéiert gëtt vum Falkenaugen. Dëse besiegt den Zorro. Dobäi wäert de Ruffy den Don Creek, dem Schëff säi Kapitän, besäitegen.

Op emol verschwënnt d'Nami mat all de Sue vum Ruffy. Et stellt sech eraus datt d'Nami zu der Arlong-Pirateband gehéiert a fir d'Fräiheet vu senger Insel kämpft. De gëtt den Arlong Meeschter an hëlt d'Nami definitiv an d'Mannschaft op.

Elo wou de Ruffy scho 5 Leit an der Mannschaft huet, kann hien endlech op dem Wee fir d'Grand Line goen. Op dem Wee wäert hien eng Etapp an Loguetown maachen. Do wäert hie gejot gi vun der Marine an een Onbekannte wäert hie retten. Spéider gëtt da gesot, datt dat dem Ruffy säi Papp ass.

Elo musse se duerch de Rivers Mountain fir op der Grand Line ze kommen. Um Enn vun dëse fanne se e Riesewal. Do wäerte se op de Krokus zoutreffen an uschléissend nach op d'Vivi wou sech erausstellen wäert dat si d'Prinzessin vun Alabasta ass. Strouhutpiraten, dem Ruffy seng Mannschaft maachen et sech zur Missioun d'Vivi a sengem Land zréckzeféieren an se beim bekämpfen vun der Baroque Firma ze hëllefen. Si landen op der Insel Whisky Peak wou sech erausstellt dat déi ganz Insel aus Kappgeldjeeëer besteet.

Spéider lande si op Little Garden wou si e puer Géigner besiegen an unschléissend lande se an Alabasta. Dozwesche lande se op der Insel Drumm wou se den Chopper als Matstreder fird Mannschaft gewannen.An Alabasta fannen se eraus dat den Crocodile, ee vun den 7 Samurai do d'Waasser klaut an doduercher Krich ass. Dem Ruffy seng Mannschaft wäert zu Arbana, der Haapstadt d'Baroque Firma besiegen a Fridde kënnt an Alabasta.

Si verloossen Alabasta a mierke méi spéit dat Nico Robin, eng Matstreiderin vun der Broque-Firma u Bord ass an am Ruffy seng Mannschaft well. Hien akzeptéiert a kuerz duerno fält e Schëff vum Himmel. Si fannen eraus datt et eng Skyisland gëtt a si wëllen onbedéngt do uewen gelangen.

Si paken et dann endlech op der Skyisland ze kommen, leider zur falscher Zäit well de Gott Enel, dee vun der Donnerfruucht giess huet, alles zerstéiere well. De Ruffy wäert dat verhënneren a si wäerte vill Gold kréien.

Uschléissend musse si en neit Schëff kréien a ginn dofir op Water Seven. Awer da verschwënnt op mysteriéis Aart a Weis d'Nico Robin. Si fannen eraus datt dat alles eng Maschinatioun ass fir d'Nico Robin gefaangen ze huelen an nach eng Waff déi den Numm Pluton huet, ze kréien. CP9, déi hannert der ganzer Saach ass bréngt d'Nico Robin an Enies Lobby, op d'Gerechtegkeetsinsel. De Ruffy wäert se verfollegen an d'Nico Robin no haarde Kämpf mam CP9 befreien. Um Enn wäerte si mat der Flying Lamb fleihen können.

Si hunn elo en neie Member an der Mannschaft, de Frankie, an deen huet hinnen och en neit Schëff gebaut, d'Thousand Sunny.

Spéider treffe se nach op der Thriller Bark op de Gecko Moria, en anere Samurai. De Ruffy a seng Mannschaft wäerten hien besiegen, woubäi duerno de Brook, ee Skelett der Mannschaft bäitriede wäert.

Déi nächst Etapp ass d'Fëschmënscheninsel, mä leider muss hiert Schëff e puer Ännerunge kréien. Si ginn op dem Sabaody Archipel an do fänkt de Ruffy steid mat de Weltaristokraten un, déi d'Herrscher vun dëser Welt sinn. De Ruffy gëtt an engem Kampf mat engem vun den 7 Samurai op Amazon Lily transportéiert.

Do stellt hie fest, datt et nëmme Frae ginn an ënner anerem och e Samurai. Aus verschiddene Grënn wäert sech dës an de Ruffy verléiwen an him hëllefen an Impel Down, de Marine-Prisong, ze kommen, well säi grousse Brudder vun der Marine gefaange gehal gëtt.

Am Impel Down geléngt et dem Ruffy mat Hëllef vu verschiddenen Ageschparter bis zu sengem Brudder ze kommen. Hien ass leider zu Septi a muss rëm raus fir säi Brudder ze retten.

Hien muss bis op Marineford goen, woubei grad den Whitebeard, den stäerkste Pirat vun der Welt grad komm ass, fir den Ace, den Ruffy säi Brudder, ze retten. Den Whitebeard wäert dëse Kampf net iwwerliewen. De Blackbeard, den eigentlech de groussen Endgéigner ass, huet dem Whitebeard seng Deiwelskräfte gerauwt an ass mat der Finsternissfruucht eigentlech elo de stärksten.

Personnagen[änneren]

Stréihutt-Band[änneren]

  • Monkey D. Ruffy: Hien huet wei en kleng war vun der Gum-Gum Fruucht giess an doduercher Gum-Gum Kräft krut. Hie well Piratekinnek ginn. Hien ass de Kapitän vun der Stréihutt-Band an ass 17 Joer al.
  • Lorenor Zorro: De Ruffy huet hie gerett wéi hien hätt sollen exekutéiert ginn. Hie war virdru Piratejeeër an hat keng aner Wiel wéi zum Pirat ze ginn well d’Marine hien ongerecht beuerteelt gouf. Hien ass e Schwertmeister.19 Joer
  • Nami: Seng Heemechtsinsel gouf vun der Arlong-Pirateband a Besëtz, dee géint e Betrag vun 100 Millioune seng Insel befreit. De Ruffy wäert d’Insel befreien an d'Nami a seng Mannschaft ophuelen. 18 Joer
  • Lysop: Hien ass dem Ruffy senger Mannschaft bäigetrueden nodeems dëse Piraten aus sengem Duerf vertrueden huet. Hien ass 17 Joer al
  • Sanji: Hien ass am Ruffy senger Mannschaft opgeholl huet well de Ruffy e Kach gebraucht huet a well hien den All-blue well fannen, den iergendwou op der Grand Line ass. Hien ass en meeschter am Kicken.19 Joer
  • Tony Tony Chopper: Hie koum am Ruffy seng Mannschaft nodeems dësen de Wapol besiegt huet. Hien huet vun der Mënschefruucht giess a war virdrun en Elch. Hien ass och Dokter. Hien ass 15 Joer al.
  • Nico Robin: Si war virdrun Member vun der Baroque Firma an wou de Ruffy se gerett huet ass si am Ruffy seng Mannschaft agetrueden well si en neit Zil gebraucht huet. Hat ass 28 Joer al. Huet vun der Flora-Flora Fruucht giess.
  • Frankie: Hien ass dem Ruffy senger Mannschaft bäigetrueden nodeems dësen hien vun der Weltregierung hätt missen am Impeldown goen. Hien ass en Cyborg an 34 Joer al.
  • Brook: Ass viru 50 Joer gestuerwen an duerch Douderäich Fruucht zréck um Liewen komm. Hie koum am Ruffy seng Mannschaft well dësen him gehollef huet an erlaben kann, e Wal erëmzegesinn.

Weltregierung[änneren]

Marine[änneren]

Marine ass den militäreschen Deel vun der Weltregierung, déi op den Mier oppasst. Den Haaptquartéier, Marineford, leit um Gand-Line.

  • Groussadmiral
Sengoku (zréckgetrueden)
  • Admirolen
Sakazuki (alias Akainu, roude Hond)
Borsalino (alias Kizaru,giele Af)
Kuzan (alias Aokiji,bloe Fasan)
  • Vizeadmirolen
Tsuru
John Giant
Komir
Momonga
Strawberry
Yamakaji
Doberman
Onigumo
Lacroix
Ronse
Dalmatian
Kaizeruhige
Monkey D. Garp (zréckgetrueden)
Jaguar D. Saul (gestuerwen)

Shichibukai[änneren]

Shichibukai(7 Samuraien vum Mier) sinn déi 7 staarkst a bekanntst Piraten, déi sech mat der Weltregierung alliéiert hunn.

  • Samurai Mihawk „Falkenauge“
  • Cyborg Bartholomäus Bär
  • Fëschmënsch Jimbei
  • Don Quichotte de Flamingo
  • Gecko Moria
  • Sir Crocodile (oofgesaat),Chef vu Baroque-Firma
  • Boa Hankock, Piratenkaiserin an Herrscherin vu Amazon Lily
  • Blackbeard

Film Adaptatioun[änneren]

Bis elo gëtt et zéng Filmer woubäi den zéngte bis elo eréischt an de japanesche Kinoen erauskoum.

Um Spaweck[änneren]

Commons: One Piece – Biller, Videoen oder Audiodateien