Oolith

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Oolithescht Eisenäerz aus Loutréngen

Oolith (gr. ωόν - Ee an λίθος - Steen) ass e Sedimentgesteng, dat aus klenge Mineralkigelcher (déi sougenannt Ooiden) besteet, déi duerch e kallek- oder tounhaltegen Zement matenee verbonne sinn. D'Ooide bestinn normalerweis aus Kallek oder aus Eisenhydroxid oder Kiselsaier. Si hunn an der Regel en Duerchmiesser vun 0,5 bis 2 Millimeter.

Ooide entstinn a waarmem, kallekiwwersiedegtem Waasser mat staarker Wellebewegung. Ausgankspunkt vun der Ooidbildung si kleng Partikel wéi z. B. Sandkären oder Fragmenter vu Muschelschuelen, déi duerch d'Wellebewegung an der Schwief gehale ginn, a ronderëm déi sech duerch chemesch Precipitatioun Kallek an heiansdo och Eisen a konzentresche renge Couchen oflagert, bis datt d'Kigelcher ze schwéier ginn an op de Mieresbuedem erofsénken, wou se sedimentéieren.

D'Minett ass en oolithescht Eisenäerz.