Pacte civil de solidarité
E Pacte civil de solidarité (PACS) ass e Partenariat, resp. eng Zivil Unioun, tëscht zwéi Liewenspartner vun ënnerschiddlechem oder deem selwechte Geschlecht, déi sech net bestueden an awer an engem Verhältnes liewe wëllen dat duerch e Gesetz, an déi domat verbonnen Declaratioun geregelt ass.
Esou eng Declaratioun gëtt bei engem Officier d'état civil op enger Gemeng ugefrot, an duerno, wann d'Konditiounen déi derzou gehéieren erfëllt sinn, legaliséiert. Si schaaft d'Konditioune fir eng Koppel, déi a ville Situatiounen engem Bestietnes gläichen, besonnesch wat Relatioune mat Verwaltungen ugeet, wéi z. B. am Steierrecht.
E Pacte civil de solidarité huet den Avantage datt e bei géigesäitegem Averständnes einfach opgeléist ka ginn, a kee Geriichtsuerteel dofir muss geholl ginn.
Zu Lëtzebuerg bestëmmt d'Gesetz vum 9. Juli 2004, datt esou e Partenariat vu Leit mat verschiddenem Geschlecht, oder där vum selwechte Geschlecht kann enregistréiert ginn.
Originaltext vum Gesetz:
Art. 2.- Par partenariat, au sens de la présente loi, il y a lieu d'entendre une communauté de vie de deux personnes de sexe différent ou de même sexe, ci-après appelées les partenaires, qui vivent en couple et qui ont fait une déclaration conformément à l'article 3 ci-après.