Paleographie

Vu Wikipedia

De Begrëff Paleographie kënnt aus dem griichesche paleo (al) a graphein (schreiwen) a bedeit also wuertwiertlech iwwersat déi al Manéier ze schreiwen. D'Paleographie zielt zu den Hëllefswëssenschafte vun der Geschicht.

D'Paleographie ass d'Wëssenschaft, där hiert Zil et ass, al Schrëften z'entzifferen an dës al Schrëften z'analyséieren an d'historesch Entwécklung vun der Schrëft ze studéieren.

Intressi vun der Paleographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Paleographie beschäftegt sech mat zwéin Typpe vu geschriwwene Quellen. Op der enger Säit intresséiert si sech fir déi ëffentlech an déi privat Dokumenter, meeschtens juristescher, déi an den Archive versuergt sinn, an op der anerer Säit mat alle geschriwwenen Texter vun engem Auteur déi een an de Bibliothéike fënnt.

Entzifferung[änneren | Quelltext änneren]

Well al Texter en anere Graphismus (Form vun de Buschtawen) hu wéi eisen, ass d'Entzifferung net ëmmer evident. Villes hänkt och vum Auteur selwer of.

Ausserdeem benotzen d'Auteuren an d'Kopisten dacks Ofkierzungen, engersäits fir Plaz ze spuere well de Pabeier net grad bëlleg ass, an anerersäits och fir datt et méi séier geet.

Vun enger klorer Punktuation kann een am Mëttelalter net schwätzen, wann emol e Punktuatiounszeechen an engem Text war, sou war dat fir een Auteur valabel, mä nach laang net fir se all.

Datéierung[änneren | Quelltext änneren]

Den Auteur huet net unbedingt ëmmer säin Numm an den Datum iwwer den Text geschriwwen. Fir den Datum erauszefannen, muss ee sech d'Schrëft genee ukucken, déi am Laf vun de Joerhonnerte variéiert huet. Dës Entwécklung vun der Schrëft ass och eng Äntwert op d'sozial Entwécklung.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

Mëttelalterlech Paleographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Stiennon Jacques, Paléographie du Moyen Age.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Paleographie – Biller, Videoen oder Audiodateien