Paul Dangla

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Léopold - Marie Dangla, genannt Paul Dangla, gebuer de 16. Januar 1878 zu Laroque-Timbaut a gestuerwen zu Magdeburg den 18. Juni 1904 war ee vun de beschte franséische Pistecoureuren.

Jugend [änneren]

Dem Paul séi Papp war Gendarem mä huet dat Handwierk a puer Joer nom Paul senger Gebuert opginn an ass mat der Famill a seng Heemecht op Le Passage am Lot-et-Garonne zréckgeplënnert, wou hie Bannpréiter gouf. Si hunn do op N° 7 Impasse de la Garonne gewunnt.

Carrière [änneren]

De Paul Dangla fiert seng éischt Coursë 1899 zu Paräis am Parc des Princes. Hien interesséiert sech fir den Demi-fond a ass gleich vun Ufank un ee vun deene ganz Gudden an där Spezialitéit.

De 16. August 1903 klappt hien am Parc des Princes sämtlech Rekorden ugefaange mat:

  • 30. km an 22’14’’1/5,
  • 40. km an 29’23’’4/5,
  • 50. km an 36’40’’4/5 (an der hallwer Stonn 40 km 800)
  • 60. km an 43’56‘’4/5 (an der Stonn 81 km 108)
  • 70. km an 51’17’’1/5
  • 80. km an 58’42’’3/5

Hien huet domadder dem Däischte Robi säin ale Stonnerkord gebrach, mä säi sollt och net laang halen. Den Englänner Tommy Hall huet him säi Rekord kuerz duerno op 84 km 140 eropgeschrauft (allerdéngs hannert engem Hues).

Den Dangla gëtt sech awer net geschloen an den 18. Oktober 1903 fiert hie bei ganz niddregen Temperaturen erëm um Parc des Princes en neie Rekord vun 84 km 577. (och hannert engem Hues).

Den 18. Juni 1904 zu Magdeburg, hat hien de grousse Pech. Noodeems hie bal all Titelen am Demi-fond gesammelt hat, ass hien esou schlëmm gefall, datt hien u senge schwéiere Verletzungen um Kapp an un de Been mat knapps 26 Jor verscheet ass.

Hie läit um Kierfecht vun Dolmayrac begruewen.