Pechband

Vu Wikipedia
Zwou verschidden Zorte vu Pechband

E Pechband ass e Band dat mat enger pecheger Substanz, meeschtens op enger Säit iwwerzunn ass. Dacks fënnt een et a Form vun engem Rouleau, mat enger pecheger an enger netpecheger Säit. E gëtt ënner anerem benotzt fir zwéin Objeten ze verbannen oder fir den Objet ze beschützen.

Fir duerchsiichtegt Pechband gëtt dacks de Begrëffsmonopol Scotch gebraucht, no enger Mark vun der Firma 3M oder Tesafilm nom Produit vun der Firma tesa. D'Pechband dat ëm d'Guidone vu Coursevëloe gewéckelt gëtt ass haaptsächlech ënner dem Markennumm Guidoline bekannt.