Phonetik
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Sproochen- a Linguistikartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Phonetik ass d'Wëssenschaft vum Sproochschall an ënnersicht physikalesch Eegeschafte vum Sproochschall.
Et ënnerscheet een tëschent artikulatorescher, akustescher an auditiver Phonetik:
- D'Artikulatoresch Phonetik beschreift d'Lautproduktioun duerch Aart an Uert vun der Lautbildung.
- D'Akustesch Phonetik beschäftegt sech mat der Dauer, Frequenz an Intensitéit vu Sproochlauter.
- D'Auditiv Phonetik ënnersicht d'Differenzéierung an d'Identifizéierung vu Lauter duerch d'Ouer an d'Gehir.
Phonetik
D’Phonetik ass eng Wëssenschaft, déi sech haaptsächlech mam Beschreiwe an der Klassifikatioun vun de Sproochlauter beschäftegt:
E Sproochlaut ass e physikalescht Element, dat een duerch d’Artikulatiounskanaler fir ze schwätzen produzéiert.
Se beschäftegt sech mat dene Geräicher, déi de Mënsch a sengem Artikulatiounskanal produzéiert an déi fir ze schwätze benotzt ginn, also dat heescht net Néitsen, schmatzen, räpsen a.s.w., mee schwätzen.
Wann ee schwätzt, geschitt dat heiten:
D’Otemloft kënnt aus dem Hals oder der Long a geet duerch d’Nues oder de Mond erëm eraus. Op dene verschiddene Plaze wou d’Loft optrëfft, beaflosse mir se duerch eisen Artikulatiounskanal (Lëppen, Zänn, Zänndamm, Gomm: haarden a mëllen, Gommseegel an d’Zäpfchen, d’Zong: Zongespëtzt, Zongekranz, Zongeréck, d’Pharynx, d’Glottis- déi bild d’Stëmm) sou, dass e Laut entsteet. D’Stëmm entsteet esou: D’Loft kënnt an de Kehlkapp, an dem hu mir Stëmmleppen. De Rand deen d’Stëmmleppe bannen hunn, sinn d’Stëmmbänner. Duerch d’Loft bäim Ausotme ginn déi Stëmmbänner a Schwéngung versat. Mir ënnerscheeden stëmmhaft (mat Stëmm) a stëmmlass (ouni Stëmm) Lauter: - Bäi dem éischte Fall ginn d’Bänner a Schwéngung versat, si ginn déi ganzen Zäit op an erëm zou. z.B. bäi: „a, o, m, l, s“. - Bäi dem aneren Fall, stréimt d’Loft einfach duerch d’Stëmmbänner erduerch, a versetzt se net a Schwéngung. z.B. bäi : „p, t, k, f".
D’Phonetik beschreiwt also, wéi d’Lauter ervirbruecht, iwwerdroen an wouergeholl ginn. An der Phonetik ginn et 3 Ënnerdisziplinen déi dat beschreiwen:
1) Disziplin vun der Produktioun vun de Sproochlauter – artikulatoresch Phonetik:
Hei gëtt ënnersicht, wéi eng Persoun déi schwätzt, Lauter produzéiert, d.h. wéieng Organer ee wéi gebraucht fir e Laut ze produzéieren.
2) D’Iwwerdroe vun de Sproochlauter - akustesch Phonetik:
D’Intensitéit, d’Dauer an d’Frequenz vun de Sproochlauter gëtt ënnersicht.
3) Wouerhuele vun de Sproochlauter: déi auditiv oder perzeptiv Phonetik:
Et gëtt gekuckt wéi eng Persoun, déi d’Lauter héiert, déi akustesch Reizer verschafft. D’auditiv Phonetik beschäftegt sech mat de physiologesche Prozesser, déi bäim Héiere vun enger Ausso am Ouer oflafen.