Pifffaass
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
E Pifffaass ass e Faass op Rieder, oder eent dat op e Won ka gesat ginn, dat am Bauerebetrib gebraucht gëtt fir de Piff oder d'Gülle op d'Felder an d'Wisen ze féieren.
Modern Pifffässer ginn op zweeërlee Manéirere gefëllt:
- Drock-Pifffäasser ginn duerch Drock , dee vun enger Pompel kënnt, gefëllt. D'Pompel hänkt un engem Drockschlauch, dee sengersäits un engem Drockrouer hänkt. Den Nodeel vun deem System: Wann d'Faass voll ass, leeft et duerch en Iwwerlaf aus an d'Piff muss opgefaange ginn, ier d'Pompel ausgeschalt gëtt.
- Vakuum-Pifffässer gi mat enger Pompel gefëllt, déi en Ënnerdrock am Faass produzéiert. D'Faass suckelt sech also voll. Eng Sécherung, an där, wéi bei ville Waasserspullbehälteren op den Toiletten, eng Zort huele Ball dropschwëmmt, spärt d'Alafventil, wann d'Faass voll ass.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Liquid manure trailers – Biller, Videoen oder Audiodateien |