Provënz Ourense

Vu Wikipedia


Ourense
Wopen Fändel
Basisdaten
Land Spuenien
Autonom
Gemeinschaft :
Galicien
Haaptstad : Ourense
Fläch : 7.273 km²
Awunner : 336.926 Aw.  (INE 2007)
Lag
Lag vun der Provënz Ourense

Lag vun der Provënz Ourense
Lag vun der Provënz Ourense
Autonom Gemeinschaften - Provënzen


Ourense ass eng vu véier Provënzen an der spuenescher autonomer Gemeinschaft Galicien. D'Haaptstad ass Ourense.

D'Provënz läit am südlechen Deel vu Galicien a grenzt am Westen un d'Provënz Pontevedra, am Norden un d'Provënz Lugo, am Osten un d'Provënzen León a Zamora an am Süden u Portugal. Ourense huet eng Fläch vu 7.273 km² an huet als eenzeg galicesch Provënz keen Zougang zum Mier.

Offiziell an op Galicesch heescht d'Provënz Ourense, gëtt awer am spuenesche Sproochgebrauch Orense genannt.

Ourense ass an 92 Gemengen agedeelt. Gréisser Stied, nieft der Haaptstad, si Verín, Barco de Valdeorras a Carballino, mat iwwer 10.000 Awunner am Joer 2005.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Province of Ourense – Biller, Videoen oder Audiodateien