Provënz Uíge

Vu Wikipedia
Provënz Uíge
Verwaltung
Land Angola
Haaptstad Uíge
ISO-Code AO-UIG
Demographie
Awunner 1.426.354 (2014)
Sprooch Portugisesch
Geographie
Fläch 58.698,0 km²


D'Provënz Uíge ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Norde vum Land a grenzt am Westen un d'Provënz Zaire an am Süden un d'Provënze Bengo, Cuanza Norte a Malanje. Am Norden an am Osten deelt si eng Grenz mat der Demokratescher Republik Kongo.

Se huet eng Fläch vu ronn 58.698 km².[1]

Der Vollekszielung vun 2014 no hat se 1.426.354 Awunner, wat 5,9 % vun der ganzer Bevëlkerung vum Angola waren.[2]

D'Haaptstad vun der Provënz ass d'Stad mam selwechten Numm.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Portal Oficial do Governo da República de Angola (offiziell Säit vun der angolanescher Regierung): O Perfil de Angola (gekuckt den 13. Dezember 2017)
  2. Resultados Preliminares do Recenseamento Geral da População e da Habitação de Angola 2014, September 2014, Säit 27: "População Por Província e Sexo", erofzelueden hei