Réckschlagklapp
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Réckschlagklapp (och nach Fräscheklapp oder Fräschendeckel genannt) ass eng Klapp déi op Leitungen an a Kanalisatiounen agebaut gëtt fir ee Réckfloss vu Flëssegkeeten ze verhënneren.
Am Fräien dénge se haaptsächlech derzou datt keng Déieren an de Rouer kënnen erakommen, an en doduerch verstoppen.
A Kanalisatioune si se do fir, besonnesch bei Iwwerschwemmungen, am Haaptkanal ze verhënneren datt d'Zouflëss vum Héichwasser betraff ginn.
Einfach Réckschlagklappe schléissen duerch d'Eegegewiicht vum Teller, dee baussen drop ass, an an enger Achs hänkt.
| Commons: Check valves – Biller, Videoen oder Audiodateien |