Ronnbottepress

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ronnbottepress

Eng Ronnbottepress ass eng landwirtschaftlech Maschinn, déi geschnidden Hee oder Stréi zu Botte presst.

D' Ronnbottepress gouf 1971 vun der Vermeer Company erfonnt. Fir eng ronn Bott ze pressen, leeft d'Stréi oder d'Hee iwwer Rimmen, déi mat Gummisdäpp besat sinn, an d'Material oprullen. Wann d'Bott eng gewësse Gréisst huet, gëtt se mat Seeler zesummegebonnen a kann hannen aus der Press erausrullen. D'Botten hunn en Duerchmiesser vun 1,50 Meter an e Gewiicht vun tëscht 500 an 800 Kilo.