Sakkäerchen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Sakkäerche vun der Rackés Millen

Eng Sakkäerchen ass eng zweeriedreg Kar fir Laaschten ze transportéieren.

Well d'Sakkäerchen fréier meeschtens fir den Transport vu Säck gebraucht gouf, krut se hiren Numm. Hautdesdaags gëtt se benotzt fir all méiglech Zorte vu klenge Laaschten ze transportéieren.

Déi modern Sakkäerercher hu Gummispneuen. Wa se geduecht sinn, fir Trapen op- oder ofzefueren, hu se Stärerieder. Op alle Fall ass d'Achs den Hieweldréipunkt. D'Rumm ass aus gewéinlech aus stole Réier oder aus Aluminium.

D'Sakkäerchen gëtt am Däitschen Sackkarre, an Éisträich Sackrodel an am Franséischen diable genannt.

Commons: Hand trucks – Biller, Videoen oder Audiodateien