Schütze
Schütze ass dat däitscht Wuert fir Schëtz. Ursprénglech gouf et benotzt fir Bouschëtzen, am Éischte Weltkrich war et dunn deen ënneschsten Déngschtgrad an den däitsche Maschinnegewier-Unitéiten. Am Zweete Weltkrich gouf et deen Déngschtgrad och bei der Waffen-SS. Hautdesdaags ass et ëmmer nach deen ënneschsten Déngschtgrad an den däitsche Sträitkräften, mam Nato Code OR-1.
No dräi Méint gëtt e Schütze am Regelfall zum Gefreiter.
Den Déngschtgrad gëtt et tel quel ënnert deem Numm bei den däitsche Ravitaillement-, Feldjäger-, ABC-Ofwier-, Opklärungs- an Instandsetzungstruppen. Déi meescht Truppegattunge vun der Bundeswehr gebrauchen awer en aneren Numm fir dësen Déngschtgrad, z. B. Panzergrenadier (Panzergrenadiertruppen), Funker (Kommunikationstruppen), Flieger (Loftwaff) oder Matrose (Marine).