Schabloun Diskussioun:Infobox Beneluxstaaten Geschicht

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien, Wou ass dem Cris seng lescht Remarque ze fannen, an a wateregem Artikel gesäit d'nl:Wiki et esou?.

Et wier flott keng Benotzernimm unzeginn déi et net gëtt. Da kann ee wéinstens ënner der IP nokucken.

De Chris oder d'Chris ass bis elo ënner fënnef oder sechs IPen aktiv. Et fänkt u schwéier ze ginn e chronologesche Suivi ze behalen. Les Meloures 12:38, 6. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

Ech hunn dem Chris seng sechst Remark op der Diskussiounssäit vum Herzogtum Lëtzebuerg gemengt. Op der nl-wiki hunn ech keen Artikel, mee hir Versioun vun der Schabloun gemengt. Dozou kënnt nach, datt mär selwer am Artikel iwwert d'Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden schreiwen: "Lëtzebuerg huet net zum Vereente Kinnekräich gehéiert". --Otets 12:48, 6. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]


Remoien a merci fir d'Info,

D'Schabloun ass elo vläicht méi richteg, mä se gesäit net méi explizit aus, aleng aus der Tatsaach dat D'Vereenegt Kinekräich elo zweemol a verschiddene Kolonne steet. Elo kann ee mengen, wann een déi éischt Kolonn kuckt, d'Belsch wier aleng doraus ervirgaangen.

Les Meloures 12:51, 6. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

An der hollännescher Tabell ass och e souveränt Fürstentum opgezielt. Misste mer dat dann net och nach an der Schabloun bäiflécken? Les Meloures 13:02, 6. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]

D'Hollänner hunn de Problem mat de Kolonne geléist, andeems se Lëtzebuerg ganz no riets gestallt hunn. Wann s de wëlls kann ech dat och bei eis man, just ass dann Austrasien an zwee gespléckt. Wat ass besser?

Dat souveränt Fürstentum huet op der nl-wiki en eegenen Artikel, just ass Màin Hollännesch net gutt genuch fir erauszefannen op dat just eng hollännesch Interpretatioun vun der Geschicht ass oder gemenkehand richteg ass.

Solle mer och dem Chris seng aner Remarken (1-5) op der Diskussiounssäit vum Herzogtum Lëtzebuerg iwwerhuelen?
--Otets 21:14, 6. Aug. 2010 (UTC)[äntweren]