Schabloun Diskussioun:Infobox Chimie

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech giff nach e puer Ännerungen an der Infobox Chimie virschloen:

  • d'Eenheet fir d'Dicht änneren op g/cm3, wat vill méi geleefeg ass wéi kg/m3 an och vun deene meeschten anere WPe gebraucht gëtt.
  • Léislechkeet änneren op Waasserléislechkeet fir dat et méi kloer ass wat gemengt ass
  • Ausgesinn änneren op Eegeschaften, da kann een z.B. och de Geroch ernimmen, deen elo zwar deelweis och do steet awer eigentlech net dohi passt.

--MMFE (Diskussioun) 12:38, 19. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

ad Eenheet fir d'Dicht: --Am Fong näischt dergéint ze soen. Well et do anscheinend nach aner Méiglechkeete gëtt, géif ech d'Eenheet komplett aus der Schabloun huelen. Si sollt dann am Text agesat ginn. (c.f: Propan an der de Wiki. Wie mécht d'Ännerungen op den Artikelsäiten?
ad Eegenschaften: -- Well mer schonn eng Iwwerschrëft Eegenschaften hunn fannen ech dat keng gutt Iddi.
ad Léislechkeet: Wat maache wann d'Léislechkeet net am Waasser ass? Oder ass et d'Office ëmmer am Waasser wa vu Léislechkeet geschwat gëtt.
--Les Meloures (Diskussioun) 12:58, 19. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]


Jo, d'Eenheet ganz eraus loossen ass ok, bei Gasen z.B. wier eng aner Eenheet sënnvoll.
Mat "Eegeschaften" hues de recht, et war mer net opgefall dass mer dat schon do stoen hunn. An der däitscher WP hu se aplaaz Ausgesinn d'Wuert "Kurzbeschreibung", wat mer awer och net besonnesch gefällt. Wéi wir et mat "Ausgesinn/Geroch"?
Mat Léislechkeet ass zwar an de meeschte Fäll déi am Waasser gemengt, mee et ginn och Fäll wou zousätzlech nach aner Flëssegkeeten a Fro kommen. Da muss een et eben dabäi schreiwe wat gemengt ass. Also einfach Léislechkeet stoe loosseen.
Ech maachen déi Ännerungen dann, déi néideg si wann d'Infobox geännert ass. --MMFE (Diskussioun) 13:45, 19. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]


Ass g'ännert. --Les Meloures (Diskussioun) 14:12, 19. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]