Schabloun Diskussioun:Infobox Zeitung

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Firwat sollen elo op eemol Aussoe wéi gegrënnt etc kleng geschriwwe ginn? Ass dat eng nei Opfaasung vun der Orthographie?--Les Meloures (Diskussioun) 14:13, 7. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]

Moien och,
et kann een der Opfaassung sinn, datt just Substantiver grouss geschriwwen ginn, et kann een awer och der Opfaassung sinn, datt mat all eenzel nei Ausso en neie „Saz“ ugeet an dann och grouss geschriwwe gëtt. Kee Problem, gëtt g'ännert. GilPe (Diskussioun) 22:02, 7. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]
Wier net besser amplaz gegrënnt an agestallt (souwisou e grujelescht Wuert) Éischt Ausgab a Lescht Ausgab ze gebrauchen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:16, 7. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]
Jo, averstanen, ass besser.
P.S. Och op der Diskussiounssäit ass et „Opfaassung“ an net „Opfaasung“ an „grugelegt“ an net „grujelescht“. GilPe (Diskussioun) 22:02, 7. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]
Gutt gesinn, ech verbesseren dat dann och an de Säiten a schreiwen dann awer och léiwer grujeleg amplaz deng Propos z'iwwerhuelen. --Les Meloures (Diskussioun) 08:25, 8. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]
Haha, och alt nees gutt gesinn… sou kann een och e Selbstgol schéissen GilPe (Diskussioun) 11:28, 8. Jan. 2022 (UTC)[äntweren]