Schabloun Diskussioun:Moien

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

1. Pefferkär: Op alle Fall eng gutt Iddi! E puer Schreifdréiunge wäerten nach geriicht ginn. D'Faarwe sinn e bëssen driipseg; se kéinte méi lieweg sinn. Et feelt nach e "Bléckfank". Dat emol fir "direkt". --Cornischong 13:09, 24. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci, ganz d'accord! Ech hunn emol e Moien-Bild ergesat, dat mer ufanks op der Haaptsäit haten. Fir all: D'Uried "Moien Moien" gëtt automatesch an "Moien (Usernumm)", resp. "Moie léif Mataarbechterin/léiwe Mataarbechter mat der IP-Nummer nnnnn" ersat. --Zinneke 13:53, 24. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

No engem Test hunn ech festgestallt datt virum Moien an der éischter Zeil e vertikale Stréch zevill ass.

Fir de Rescht ass d'Iddi danz gutt, just fir déi éischt Approche fir en neie Benotzer wier d'Héiflechkeetsform vläicht net sou schlecht, besonnesch well d'Héiflechkeet op der lb:Wiki schonns dack kritiséiert gouf.

Les Meloures 16:09, 24. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien, de vertikale Strich hunn ech eraus geholl - Fir mech stellt d'Fro sech ob mir nei Benotzer mat 'Du' oder mat 'Dir' uschwëtze sollen --Robby 16:17, 24. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
Den alen Text war an Du-Form, dofir hat ech dat hei och esou gemaach. Ech hunn déi aner Hëllef-Säiten nogekuckt, do ginn 'Leit gedierzt. Ech hunn den Text emol an d'2. Persoun Pluriel gesat, fir dass ee sech kann en Androck maachen. Vu mär aus kann dat gär esou bleiwen. --Zinneke 17:00, 24. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

An der däitschsproocheger ginn d'Leit vun Ufank u geduuzt (de "Luxogramm" duzt se komescherweis), an déi fuere gutt domat. Ofgesi vu Leit, déi sech selwer dieze, wa se sech am Spigel gesinn, misst dat och hei méiglech sinn. Fir all hysteresche Reaktiounen aus dem Wee ze goen, déite mer awer gutt drun, dat Duzen sou ganz niewebäi z'ernimmen. An der franséischsproocheger gëtt um Ufank gedierzt. Da sinn ech emol gespaant, wat "déi Aner" dozou mengen, wa se sech da sollte mucksen. --Cornischong 09:24, 25. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Wann ech dech richteg verstinn, wiers de am Prinzip fir d'Duzen, wann et "nierwebäi ernimmt" géif. Wéi mengs de dat mat "niewebäi ernimmen"? --Zinneke 13:39, 25. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]


Zougeknäppt a penibel[Quelltext änneren]

Aus der neier Nummer 2689 vum NewScientist op der Säit 19: DISAGREEABLE and closed to new ideas - that's the picture that emerges of Wikipedia contributors from a survey of their psychological attributes.
Yair Amichai-Hamburger at the Sammy Ofer School of Communication in Herzliya, Israel, and his team gave a personality test to 69 Wikipedia contributors. As he expected, the "Wikipedians" were more comfortable online than in the "real world". But he was surprised that contributors scored low for agreeableness and openness to new ideas, given that contributing to the website is based on sharing knowledge (CyberPsychology & Behavior, vol 6, p 679).
Amichai-Hamburger speculates that Wikipedians make their contributions online because they struggle to express themselves in social situations.
Soll deen d'Leit geduuzt oder gedierzt hunn?? freet sech de --Cornischong 10:20, 25. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat ass jo ganz intressant, mee wat huet dat mat eiser Diskussioun heidriwer ze dinn? Am Englesche gëtt et keng Héiflechkeetsform wéi mär se kennen.... --13:39, 25. Jan. 2009 (UTC)

Prett.[Quelltext änneren]

Aus der Diskussioun heidriwwer kunnt keng schlësseg Konklusioun gezu ginn, op dann elo geduuzt oder gedierzt soll ginn. Ech hunn den Text emol an Dir-Form si gelooss; fir méch ass d'Schabloun, no klengem Gefréckels, esouwäit prett. Dat soll net drun hënneren, dass dovunner ofgeleet aner, ugepasste, Versioune gemaach ginn (fir bestëmmte Mataarbechter oder bestëmmte Situatiounen). --Zinneke 16:24, 28. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]