Schiessrothried

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Séi vum Spitzkoepfe aus gesinn

De Schiessrothried ass e klenge Séi op dem Osthank vun de Vogesen, deen aus der Äiszäit staamt. E gëtt vun dem Wormsabachrunz gefiddert deen e lénksen Niewefloss vun der Fecht ass.

E läit um Fouss vun Hohneck a war am Ufank nëmmen en Torfmuer. Well d'Textilindustrie an d'Seeëreien, am Dall vu Munster, déi zum gréissten Deel hiren elektresche Stroum selwer gemaach hunn, op regelméisseg Waasserquantitéiten ugewise waren, gouf e klenge Staudamm opgeriicht, duerch deen de Séi entstanen ass.

Laanscht de Séi gëtt et Trëppelpied déi vum Club Vosgien ugeluecht a gezeechent goufen.

[änneren] Donnéeën

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen