Schischoul

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Als Skischoul bezeechent een eng Installatioun a Skigebidder, wu ausgebilte Skiintrukteren den Touristen divers Rutschsportarte bäibrengen.

Haaptgebidd ass d'alpint Skifueren. Hei ginn et Kollektiv- a Privatcourse fir Kanner, Jugendlécher an Erwuessener. Wéi an der allgemenbildender Schoul ginn et hei verschidden Klassen. D'Bezeechnung variiéieren jee no Skischoul a Land. Et ginn och verschidden Skistiler ugebued. Sou ginn et Carving, Freestyle, Renntrainings-, Decouvertes- an nach jee no Skischoul verschidden Zorten vu Coursen.

U Beléiftheet gewuess sinn och d'Snowboardcoursen, wou ähnlech wéi beim alpine Skicours, divers Coursen ugebuede ginn.

Di meescht Skischoulen bidden och Telemark, Kuerzschi an Laanglaafcoursen.

Fir Ufänger ginn et speziell getrennte Skigäert oder Idiotenhiwwelen wu d'Ufänger ouni Rippen vun erfahrenen Skifuerer a Rou kennen skifuere léieren.

Di meescht Skischoulen bidden och Course fir Netskifuerer un wi Ausflijh mat Schnéiracketten, Nordic Walking an aner Coursen un.

Skitouren an gréisser alpin Projeter ginn éischter vu Biergféierer, di eng speziell Zousaatzausbildung hunn, organiséiert.

Et ginn staatlech-ëffentlech a privat Skischoulen. All Skistatioun a Skihaal huet meeschtens eng Skischoul.