Schlass vu Kwabeek

Vu Wikipedia
Schlass vu Kwabeek
D'Schlass vu Kwabeek (2015)

D'Schlass vu Kwabeek (2015)
D'Schlass vu Kwabeek (2015)
Land Belsch
Plaz Boutersem
Koordinaten 50° 49’ 43.17’’ N 04° 49’ 35.83’’ O
Bauzäit 19. Joerhonnert

D'Schlass vu Kwabeek ass e Schlass an der belscher Gemeng Boutersem.

Et ass dat drëtt Schlass op där Plaz.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Schlass vu Kwabeek war zanter dem Mëttelalter de Sëtz vun enger Baronnie an et war eng vun de bescht befestegte Waasserbuergen aus der Géigend. Op enger Gravur vum Jacques Harrewyn vum Enn vum 17. Joerhonnert gesäit een e Buergfrid mat dem Waassergruef ronderëm a mat véier Tourellen a mat enger Sonnenauer um zweete Stack.

Déi Buerg gouf an der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert mat engem Gebai am traditionelle Stil ersat. D'Mauerkroune goufen dobäi ofgedroen an de Buerggruef zougetippt. Just d'Fënstere waren erhale bliwwen.

Dat haitegt Schlass ass e rouden Zillebau aus dem 19. Joerhonnert mat Ecksteng a Gewänner aus Savonnièren.

Nieft dem Schlass ass e renovéierte Bauerenhaff aus dem 18. Joerhonnert mat engem zentralen Tuerm an engem Mansardendaach.

Hanner dem Schlass ass en dekorative Gaart an deem eng imposant Platan steet, déi ënner Monumenteschutz ass an nieft dem Schlass ass e Fëschweier vun engem gudden Hektar.

Biller[änneren | Quelltext änneren]