Schockelaskaffi

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Schockelaskaffi

Als Schockelaskaffi oder Schockelasmëllech gëtt e Gedrénks genannt, an deem Schockela, Kakaopolver mat Zocker, oder eng Instant-Mëschung mat deenen zwéi leschtgenannte Produiten, a Mëllech an/oder Waasser opgeléist gëtt.

"Schockelaskaffi" ass den Numm vum Gedrénks wann et waarm zerwéiert gëtt, "Schockelasmëllech", wann et kal zerwéiert gëtt. Heiansdo gëtt och metonymesch den Numm Nesquick (eng bekannt Mark vun Instant-Polver-Preparatiounen) fir d'Gedrénks gebraucht.