Seriemäerder
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Als Seriemäerder gëtt eng Persoun bezeechent, déi mat zäitlechem Ofstand vu méi wéi 30 Deeg dräi oder méi Mënschen ëmbréngt. Den zäitlechen Intervall vun den Doten kann vun e puer Méint bis zu e Joer goen. Dacks hëlt dësen Intervall vun Dot zu Dot of. Tëscht den Doten läit eng "cooling off" Period.
Vun hinnen z'ënnerscheede sinn d'Massemäerder, déi innerhalb enger kuerzer Zäitspan op der selweschter Plaz dräi oder méi Mënschen ëmbréngen.
De Seriemäerder plangt seng Doten, en handelt also net am Affekt. Seng Verbriechen si meeschtens extrem grausam, dacks féiert e sexuell Handlungen u sengen Affer aus, zerstéckelt se, béisst hinne Kierperdeeler of oder ësst se souguer. Dacks ginn d'Affer deeglaang vidru gefoltert bis se vum selwe stierwen oder vun him ëmbruecht ginn.