Short Message Service
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat der SMS als Textmessage an der Telekommunikatioun. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. SMS (Homonymie). |
SMS (Méizuel: SMSen) steet fir Short Message Service an ass eng Textnoriicht, déi iwwer Handy geschéckt gëtt.
Als Verben an deem Zesummenhank gëtt et eng SMS schécken.
Déi éischt short message vum Short Message Service (SMS) gouf am Dezember 1992 vun engem Computer un e GSM am briteschen Vodafone-Netz geschéckt. Also ongeféier e Joer no der Aféierung vum GSM-Standard fir Handyen an Europa (1991).
Zënter 1997 ginn och SMS-Noriichten iwwer Internet verschéckt.
Weiderentwécklung vun der SMS existéieren ënner dem Numm Enhanced Message Service (EMS) a Multimedia Messaging Service (MMS).
Inhaltsverzeechnes |
Opbau vun der SMS [änneren]
Eng SMS besteet aus zwéin Deeler:
- Header
- (Engl. fir "Kapp") Am SMS-Header si verschidden Informatioune vun der SMS uginn, zum Beispill Ofsendernummer, Codéierung (7 Bit, 8 Bit, 16 Bit), Zeechesaz (zum Beispill ISO 8859-1 fir Laténgesch, ISO 8859-6 fir Arabesch, etc.), Gültegkeet vun der Noriicht, Empfängernummer etc.
- Body
- (engl. fir "Kierper") Et ass den "Inhalt" vun der SMS, deen den Text enthält, deen iwwerdroen an um Display ugewise gëtt. Déi maximal Gréisst vun engem Body ass op 1.120 Bit (= 160 Zeeche fir Text-SMSen) begrenzt, mä et gëtt och d'Méiglechkeet, méi SMSe mateneen ze verbannen (concatenated SMS / EMS).
Codéierung [änneren]
Haaptartikel SMS-Codéierung
Et ginn insgesamt dräi verschidden Aarte vun SMS-Codéierung:
- 7 Bit
- Fir Test-SMS mat laténgesche Buschtawen a grousse griichesche Buschtawen
- 8 Bit
- Fir Daten-SMS (binär SMS), wei z. B. Handylogoen
- 16 Bit
- Unicode (UCS2), d. h. op BMP beschränkten UTF-16
Literatur [änneren]
Däitsch Bicher [änneren]
- Bo Hanus, Schalten, Steuern und Überwachen mit dem Handy, ISBN 3-7723-5665-6
- Bernd VomBerg, Jürgen Engelmann, Peter Groppe, Fernsteuern via SMS, ISBN 3-89576-126-5
Franséisch Bicher [änneren]
- Jacques Anis, Parlez-vous texto ? Guide des nouveaux langages du réseau, éd. Le Cherche-Midi, 2001.