Sinéad O'Connor

Vu Wikipedia
Sinéad O'Connor
Gebuertsnumm Sinéad Marie Bernadette O'Connor
Gebuer 8. Dezember 1966
Glenageary
Gestuerwen 26. Juli 2023
London
Nationalitéit Irland
Educatioun Newtown School
Aktivitéit Liddermécher
Member vun Big Blue Ball
Famill
Bestuet mat John Reynolds, Nick Sommerlad, Steve Cooney, Barry Herridge
Liewenspartner(in) Peter Gabriel, Richard Heslop, John Waters, Dónal Lunny
Geschwëster Joseph O'Connor
Kanner Jake Reynolds, Roisin Waters, Shane Lunny, Yeshua Bonadio

D'Sinéad Marie-Bernarde Aoibheann O’Connor ([ʃɪˈneɪd oʊˈkɒnɚ]), gebuer den 8. Dezember 1966 zu Dublin a gestuerwen de 26. Juli 2023 zu London, och bekannt als Magda Davitt, Shuhada’ Davitt a Shuhada’ Sadaqat, war eng iresch Musekerin a Sängerin.

Si hat 1990 en internationale Succès mat hirer Interpretatioun vum Prince sengem Lidd Nothing Compares 2 U. Den Album, wou et drop war, I Do Not Want What I Haven’t Got, gouf iwwer siwemilliounemol verkaaft.[1]

Dono huet se virun allem periodesch iwwer sech schwätze gedoen, mat Aussoen oder Handlunge géint d'Kathoulesch Kierch (si war als Jugendlech an engem vun Nonne gefouerten Heem mëssbraucht ginn) oder Ukënnegunge vum Wiessel zu anere Reliounen.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Sinéad O'Connor – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Neil Mccormick: Sinéad O’Connor: 'Live with the devil and you find there's a God'. telegraph.co.uk 2014-08-02.