Skype
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Skype ass eng gratis VoIP-Software[1] mat proprietairem Protokoll dee vun der Firma Skype Technologies entwéckelt gouf a folgend Funktiounen ubitt:
- Instant Messaging;
- Austausch vu Fichiere;
- Videotelefonie.
Skype erlaabt et fir gratis vu Computer zu Computer iwwert den Internet ze telefonéieren, fir géint Bezuelung mat normale Telefonsnummeren a mat Handye ze kommunizéieren (SkypeOut) oder Telefonsgespréicher entgéint ze huelen (SkypeIn). Doriwwer eraus kënne Konferenzgespréicher iwwer Skype ofgewéckelt ginn.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Skype – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ VoIP = Voice over IP