Sproochaktiounstheorie
D'Sproochaktiounstheorie gouf an den 1950er Jore vum John Langshaw Austin entwéckelt an duerno vu sengem Schüler John Rogers Searle weiderentwéckelt. Et handelt sech ëm eng Theorie um Gebitt vun der Sproochphilosophie déi seet datt eng geschwaten Ausso net nëmme kann Tatsaache feststellen, mä datt och duerch d'Schwätzen u sech ka gehandelt ginn an esou dat Geschwatent direkten Afloss op d'Ëmwelt huet (en Aspekt vun der Sprooch den dem Austin no, Joerhonnerte laang net beuecht ginn ass). Doraus resultéiert datt eng Ausso net nëmme richteg oder falsch ka sinn, mä, am Bezuch op d'Handlung déi se duerstellt, och kann erfollegräich sinn oder net .
Beispill: Wann de Buergermeeschter seet: "ech erklären iech zu Mann a Fra" dann existéiert d'Bestiedniss duerch déi Ausso.
Eng Sproochaktioun besteet aus 4 Deeler déi gläichzäiteg geschéien:
- Lokutioun: grammatesche Saatzbau, muss fir datt d'Ausso erfollegräich ass grammatesch richteg sinn.
- Propositioun: Inhalt vun der Ausso muss, fir datt d'Ausso erfollegräich ass semantesch richteeg sinn.
- Illokutioun: Intentioun vun dem dee schwätzt muss, fir datt d'Ausso erfollegräich ass gegléckt sinn.
- Perlokutioun: Wierkung, déi deen dee schwätzt wellt beim Emfänger arreechen muss, fir datt d'Ausso erfollegräich ass, vum Emfänger verstane ginn
Inhaltsverzeechnes |
Klassifikatioun vun de Sproochaktiounen [änneren]
nom Austin [änneren]
Den Austin huet am Ufank eng relativ einfach Andeelung vun de Sproochaktioune proposéiert:
- konstativ: eng Feststellung maachen, z. B. "haut huet et de ganzen Dag gereent"
- performativ: duerch d'Schwätzen handelen, eppes beim Emfänger bewierken, z. B. "ech vertrauen dir"
nom Searle [änneren]
Méi eng élaboréiert Klassifikatioun vum Searle gebraucht 5 Klassen:
| Representativ/Assertiv | behaapten, matdeelen, beriichten | Deen dee schwätzt mécht eng Ausso opgrond vu sengem Wëssen oder Glawen. |
| Direktiv | ufroen, befielen, uroden | Deen dee schwätzt riicht eng Fuerderung un den Emfänger a wëllt d'Welt a sengem Sënn veränneren. |
| Kommissiv | verspriechen, vereinbaren, ubidden, dreeën | Deen dee schwätzt verflicht sech zu enger zoukënfteger Handlung. |
| Expressiv | merci soen, begréissen, felicitéieren, kloen | Deen dee schwätzt dréckt seng psychesch Astellung aus, fir sozial Kontakter ze etabléieren an oprecht ze erhalen. |
| Deklarativ | ernennen, entloossen, deefen | Deen dee schwätzt huet, an engem bestëmmten institutionelle Kader, Muecht. |
Literatur [änneren]
- John Langshaw Austin: How to Do Things with Words. Cambridge (Mass.) 1962; op däitsch Zur Theorie der Sprechakte. Stuttgart 1972; op franséisch Quand dire c'est faire.