Studios Hergé

Vu Wikipedia

Studios Hergé ass eng Gesellschaft, déi 1950 vum Georges Rémi, bekannt als Hergé, gegrënnt gouf.

Si blouf bis zum Hergé sengem Doud 1983 eng privat Gesellschaft. Duerno gouf "Studios Hergé" eng Fondatioun, fir dann 2006 nees eng Gesellschaft ze ginn.

Bekannt Kënschtler wéi de Bob de Moor an de Jacques Martin hunn do fir den Hergé ënner anerem un den Tintin-Bicher geschafft.