Stull

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Stull

E Stull ass e Miwwelstéck, dat gemaach ass, fir datt eng Persoun sech kann drop sëtzen.

E Stull huet e Réckestéck, widder dat ee säi Réck stäipe kann. Ass dat net drun, schwätzt ee vun engem Hocker. Ass et fir méi Leit, handelt et sech em eng Bänk.

E Stull ass aus éischter haardem Material. Ass e gepolstert, an huet e Stäipe fir d'Äerm, schwätzt ee vun enger Fotell. Bei engem gepolsterte Sëtzmiwwel fir méi Leit gebraucht een den Ausdrock Canapé.

E Stull gëtt dacks bei en Dësch gestallt, fir deem seng Surface ze benotze fir z'iessen, ze schaffen oder ze schreiwen.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Chairs – Biller, Videoen oder Audiodateien