Tajine

Vu Wikipedia

Tajine, oder Tagine, ass den Numm vun engem Kichegeschier aus der maghrebinescher Kichen, meeschtens aus Terracotta, dat aus engem platte, ronne Plättel besteet, op deen e koneschen Deckel aus dem selwechte Material gesat gëtt, sou datt d'Iessen dran, bei net ze staarker Hëtzt, brutsche kann.

Gläichzäiteg ass et, duerch Metonymie, och den Numm vum Iesse selwer, dat dra gekacht gëtt: Geméis, dat mat Gewierzer, a jee nodeem, och Fleesch (Schof oder Poulet) oder Fësch, als Ragoût preparéiert gëtt.

D'Dëppen...[änneren | Quelltext änneren]

...an d'Platen:[änneren | Quelltext änneren]