Tartan (Belag)

Vu Wikipedia

Den Tartan ass e Konschtstoff, deen als Buedembelag ënner anerem fir Konschtstoffbunne gebraucht gëtt.

E besteet zu ongeféier 50 % aus Polyisocyanaten a fir de Rescht aus Fëll- a Faarfstoffer. E gëtt flësseg an enger Déckt vun ongeféier 12 mm op eng fest Ënnerlag aus Bëtong oder Asphalt opgedroen. En ass elastesch an net wiederempfindlech, an en eelst och net.