Tequila

Vu Wikipedia
Och bei der Tequila ass d'Konkurrenz grouss.

Tequila ass e mexikaneschen Agavebrand. En däerf nëmmen aus dem Bundesstaat Jalisco an aus der bloer Maguey-Agave hiergestallt ginn.

Bis se gepléckt ka ginn, verginn 10 Joer an et gëtt just d'Häerzstéck gebraucht. Dëst gëtt zerstéckelt an dann ausgepresst. Duerno gëtt de Jus mat Hief a Gärfässer vergäert an dann zweemol ofdestilléiert.

Tequila gëtt et an zwou Zorten: als kloren Alkohol oder an Holzfässer gelagert, als Gold-Variant.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tequila – Biller, Videoen oder Audiodateien