Thor

Vu Wikipedia
Thor
Deel vun Nordesch Mythologie
Geschlecht männlech
Famill
Papp Odin

Den Thor ass ee Gott aus der germanescher Mythologie.

Am Norde war en als Thor bekannt a bei de kontinentale germanesche Vëlker als Donar. Béid Nimm bedeiten den "Donnerer". Bei de Vëlker déi zur Séi gefuer sinn huet en als Gott vum Wieder a besonnesch vum Donnerwieder fungéiert, bei deenen aneren als Vegetatiounsgott.