Tintin

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Speech balloon.svg Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Milou, den Tintin an de Kapitän Haddock op enger Wandmolerei am Bréisseler Metro

Den Tintin ass eng Figur aus enger Comicserie vum belsche Comicauteur Hergé. Den Tintin a säi Mupp Milou erliewen Aventuren op der ganzer Welt. Säin éischten Optrëtt hat den Tintin den 10. Januar 1929 am Le Petit Vingtième, enger Bäilag vun der Zeitung Le Vingtième Siècle .

Albume mam Tintin sengen Aventuren[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt 24 Albume mam Tintin sengen Aventuren, wouvun dee leschten net fäerdeg gouf, an dofir zum Deel nëmmen als Maquette besteet.

Tëscht 1987 an 1994 si vum Lex Roth 7 Episoden op Lëtzebuergesch iwwersat ginn; d'Titele stinn heidrënner hanner dem franséischen Original.

Dem Tintin seng Matspiller[änneren | Quelltext änneren]

De Général Alcazar[änneren | Quelltext änneren]

D'Bianca Castafiore[änneren | Quelltext änneren]

D'Bianca Castafiore, oder La Castafiore, ass déi eenzeg weiblech Figur, déi an der Tintins-Serie eng gréisser Roll spillt. Si ass eng Belcanto-Sängerin; hiert léifste Stéck ass d'Bijous-Arie aus dem Charles Gounod sengem Faust.

Si daucht a 6 Episode vum Tintin sporadesch op, an enger huet se d'Titelroll (Der Castafiore hir Bijouen). Am leschtgenannten Album gëtt hir duerch Paparazzi eng Romanz mam Kapitän Haddock ugedicht, wat se awer net drun hënnert, deem säin Numm, wéi an allen Episoden, ëmmer nees ze verdréinen (Karpock, Kodack), etc.

D'Dupondten op enger Wandmolerei am Bréisseler Metro

D'Dupondten[änneren | Quelltext änneren]

Den Dupond an den Dupont (op Lëtz.: Biwer a Biver) sinn zwéin Inspektere vun der Sûreté, déi sech, bis op d'Form vun hirem Schnurres, gläiche wéi een Ee deem aneren. Allerdéngs sinn et keng eeneeëg Zwillingen, wéi sech aus der ënnerschiddlecher Schreifweis vun hiren Nimm, an och der Tatsaach, datt se sech als "Kollegen" urieden, ofleede léisst. Si sinn allebéid net grad déi hellst, a suergen zu engem groussen Deel fir de Slapstick-Humor an den Tintins-Episoden. Trotzdeem gi s'ëmmer nees fir kriddeleg Missiounen agesat, wéi z. B. d'Bewaache vun der Moundrakéit am Band Objectif Lune. An den éischten Episode, wou s'optrieden, hu si d'Missioun, den Tintin festzehuelen, deen (natierlech zu Onrecht) verdächtegt gëtt, wat hinnen awer net geléngt. A spéideren Episode gëtt hir Roll méi sympatesch.

Am Astérix bei de Belsch hu si eng Zort Gaaschtoptrëtt; si annoncéieren, datt de Julius Cäsar an der Belsch ukomm wier.

De Kapitän Haddock[änneren | Quelltext änneren]

De Kapitän Haddock ass dem Tintin säi beschte Kolleg. Hien ass fir d'éischt am Album Le crabe aux pinces d'or opgedaucht, wou en als en zimlech miserabelen an alkoholkranke Personnage portraitéiert gëtt. Eréischt an den Albumen duerno gëtt säi Personnage méi jovial a sympathesch. Duerch seng heiansdo sarkastesch Bemierkungen a seng Ausbréch vu Roserei kontrastéiert hie mam éischter fade Personnage vum Tintin.

Dem Haddock seng Flich si legendär; iwwer 200 Ausdréck huet e parat, fir anerer Schëmmel a Bless ze vernennen, ouni datt awer dës Ausdréck, eenzel gekuckt, eppes Beleidegendes u sech hätten. Um Enn vum Trésor de Rakham le Rouge keeft hien d'Schlass Moulinsart, wou hien zesumme mam Tintin a mam Professer Tournesol wunne geet.

De Milou[änneren | Quelltext änneren]

De Milou ass dem Tintin säi wäisse Rauhoer-Foxterrier.

Den Nestor[änneren | Quelltext änneren]

De Rastapopoulos[änneren | Quelltext änneren]

De Roberto Rastapopoulos ass "de Béisen" , dee bei all ongënschteg Geleeënheet opdaucht, fir deenen aneren ze schueden. De Rastapopoulos ass schonn an Amerika mat dobäi; do ass en dem Tintin säin Dëschnoper bei der Receptioun.
Bei den Zigare vum Pharao begéint den Tintin hien um Schëff fir op Port-Said vu wou de Béise weider an Arabië fiert wéinst den Dréiaarbechten un engem Film; mä dat ass alles nëmmen Tarnung, wéi een am Bloe Lotus gesäit.
Am Coke en stock lieft en ënner dem Pseudonym Marquis di Gorgonzola an ass Direkter vun der Arabair, eng Firma, déi net vill Guddes mécht.
Am Fluch 714 fir op Sidney ass de Rastapopoulos schonn zimlech op den Hond komm.

Den Tchang[änneren | Quelltext änneren]

Den Tryphon Tournesol[änneren | Quelltext änneren]

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

Op senge Reesen uechter d'Welt kritt den Tintin mat exotsche Sproochen ze dinn, wéi z. B. Syldawesch oder d'Sprooch vun den Arumbaya-Indianer. Dës "Sprooche" sinn awer a Wierklechkeet, duerch d'Schreifweis verfriemte "Marollien", eng Zort Argot, deen am Quartier Marolles zu Bréissel geschwat gouf, an dat den Hergé duerch seng Bomi kannt huet. Sou ass d'syldawesch Nationaldevis "Eih bennek, eih blavek" soss näischt wéi "Hier ben ik, hier blijf ik" - "Hei sinn ech, hei bleiwen ech". D'Wierder vun engem syldawesche Polizist: "Zsálu endzoekhoszd" heeschen "Äddi, bis geschwënn" ("Salut en de kost"), asw.

Och Nimm kënnen sou déchiffréiert ginn: Bab El-Ehr -> babbeleir, "Schnëssbatti", "Téinert"; Ezdanitoff -> Is dat niet tof? "Ass dat net flott", asw.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tintin – Biller, Videoen oder Audiodateien