Tony-Bourg-Bibliothéik

Vu Wikipedia
D'Adames-Haus, an deem d'Bibliothéik installéiert ass (2014)
1. Stack

D'Tony-Buerg-Bibliothéik ass eng ëffentlech Bibliothéik zu Ëlwen, déi nom Tony Bourg genannt ginn ass. Se gehéiert zum Reseau vun de lëtzebuergesche Bibliothéiken, deenen hire Bestand iwwer catalog.bibnet.lu resp. www.a-z.lu duerchsicht ka ginn.

Den 11. November 2000 ass d'Tony-Bourg-Bibliothéik opgemaach ginn. Si war 10 Joer um éischte Stack vum Gemengenhaus vun Ëlwen. Duerno ass se an dat komplett renovéiert Adameshaus komm, d'Gebuertshaus vum éischte Lëtzebuerger Bëschof, dem Nicolas Adames. Dat Haus ass och nach ënnert sengem Hausnumm A Schudden bekannt. D'Aweiung war de 7. Abrëll 2011.

Grënner an och Bedreiwer vun der Bibliothéik war d'Associatioun "De Cliärrwer Kanton". Zënter dem 1. Juli 2022 ass et eng Gemengebibliothéik an d'Gemeng Ëlwen ass de Bedreiwer.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Braconnier, Léon, 2000, Ouverture Bibliothèque Tony Bourg le 11 novembre 2000 à Troisvierges. De Cliärrwer Kanton, 2000/3, S. 33
  • Keup, Henri, 2011, Dat neit Doheem fir d'Bibliothéik Tony Bourg. De Cliärrwer Kanton, 2011/1, S. 10

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]