Tour de l'Aude cycliste féminin

Vu Wikipedia

Den Tour de l'Aude cycliste féminin war eng franséisch Etappecourse fir Dammen déi am Departement vun der Aude an an den Nopeschdepartementer tëscht 1985 an 2010 gefuer gouf.

Se war 1985 gegrënnt ginn a stoung um Kalenner vun der UCI an der Kategorie 2.2. Zesumme mat dem Giro fir Dammen an der Grande Boucle féminine huet en zu den dräi groussen Tier fir Damme gezielt.

Am Ufang goufe véier Etappe ronderëm eng Stad gefuer. Den Tour huet sech lues a lues vergréissert an huet huet och ëmmer méi Sportlerinne vun héijem Niveau ugezunn. Déi lescht Editioun, 2010, hat 11 Etappen an eng Distanz vu ronn 875 Kilometer.

Well et um néidege Goss gefeelt huet gouf d'Course vun 2011 un net méi organiséiert.