Truecht

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lëtzebuerger Vollekstruecht

Eng Truecht (manner dacks och Druecht, vun alhéidt. traht(a), mëttelnidderdt. dracht - "dat, wat gedroe gëtt") ass historescht Gezei oder Deeler dovun, sou wéi et der traditioneller Kleederuerdnung vun enger Regioun, engem Land oder enger Beruffsgrupp entsprécht.

Déi éischt Vollekstruechte sinn Enn vum 15. Joerhonnert an de ländleche Gebidder entstanen a stellen eng regionaltypesch Bekleedungsform duer. D'Zunftstruecht oder Offiziell Truecht, déi d'Zougehéieregkeet zu enger bestëmmter Beruffsgrupp zum Ausdrock bruecht huet, staamt dogéint aus dem handwierklechen a Stater Ëmfeld.

Lëtzebuerger Truecht[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg huet sech keng Traditioun vun enger nationaler Kleederuerdnung duerchgängeg erhale kënnen. Déi Truecht déi zanter net allzelaanger Zäit als Lëtzebuerger Vollekstruecht gëllt geet dowéinst zeréck op eng Hiertentruecht an op historescht Gezei wéi et bal d'selwecht a groussen Deeler vu Mëtteleuropa ugedoe ginn ass.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: National costumes – Biller, Videoen oder Audiodateien
E Volleksdanz a Lëtzebuerger Landestruecht