Wäschklamer

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
eng modern Wäschklamer aus Holz
Wäschklameren aus Plastik

Eng Wäschklamer oder einfach Klamer oder Klam ass e klengt Geschir fir Wäsch op enger Wäschléngt festzepëtzen.

Klamere bestinn hautdesdaags gewéinlech aus zwéi gläichgrousse längelzechen Deeler, aus Plastik oder Holz, déi an der Mëtt duerch eng Fieder zesummegehale ginn. D'Fieder ass gläichzäiteg d'Gelenk. Wann een déi zwee iewescht Enner zesummendréckt, ginn déi ënnescht auserneen. Léisst ee se lass, pëtzt d'Fieder se nees zesummen.

Fréier waren d'Klameren aus engem Stéckelchen Holz mat enger Spléck dran, dat een op d'Lénkt mat der Wäsch gestach huet.

Commons: Wäscheklammern – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen