Wénkelmiesser

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Wénkelmiesser (och Gradmiesser genannt) ass en einfache Goniometer fir d'grafesch Bestëmmung vun engem Wénkel.

Hie besteet aus enger kreesfërmeger oder hallefkreesfërmeger Scheif mat Wénkel-Andeelungen. D'Scheif besteet aus Plastik, Bakelit, staarkem Pabeier oder Blech. Normal sinn Duerchmiessere vun 8 bis 15 cm, an Andeelunge vun 1° oder 0,5°.

Dacks si Wénkelmiesser an Zeechen- oder Geodräiecker integréiert. Méi genee Wénkelmiesser hunn eng schwenkbar Schinn mat Moossstaf (Längtenandeelung op Millimeter), déi beim gewënschte Wénkel festgestallt ka ginn.

Beim hallefkreesfërmege Gradmiesser leeft d'Millimeter-Andeelung laanscht den Duerchmiesser.

[änneren] Verschidde Wénkelmiesser

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Category:Protractors – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen