Wëssen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Wëssen (vun alhéidt wizzan, wat sech vun der indogermanescher Perfektform woida - "ech hu gesinn" an domadder och "ech weess" ofleet) ass e Begrëff mat ville Bedeitungen, souwuel an der Alldagssprooch wéi an den déifgrënnegen Iwwerleeunge vun de Philosophen. Einfach ausgedréckt ass Wësse souwuel den Zoustand vun deem dee weess wéi och déi gewosste Saache selwer. Méi speziell handelt et sech ëm:

  • d'Kënnen an Erfahrung déi eng Persoun duerch Educatioun oder Praxis kritt huet;
  • dat wat an engem bestëmmten Domaine oder ganz allgemeng bekannt ass (also Fakten oder Informatiounen); oder
  • d'Familiariséirung mat oder d'Bewosstsinn vun engem Fait oder enger Situatioun.

Et gëtt awer keng uniformiséiert Bestëmmung vum Wëssensbegrëff, mee eng sëllechen Theorien déi matenee konkurréiren. Nach am bekanntesten ass dem Plato seng onschaarf Definitioun "wouer a justifiéiert Meenung".

Gemenkerhand acceptéiert ass datt d'Acquisitioun vu Wësse komplexe kognitive Prozesser ënnerläit, déi ugi mat der Perceptioun an iwwert d'Léieren, d'Associatioun an d'Raisonnement bis zum Verstoe féieren. Deemno geet et net duer, fir vill Informatiounen unzesammlen, et muss een déi Informatiounen och interpretéiere fir se ze wëssen.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Knowledge – Biller, Videoen oder Audiodateien