Wattman

Vu Wikipedia
Dem Wattman seng Aarbechtsplaz an engem fréiere Stater Tram
E Wattman um Tram zu Porto

E Wattman ass e Chauffer vum Tram[1]. Den Ausdrock war beim fréiere Stater Tram an beim Minettstram geleefeg, e gëtt awer hautdesdaags net méi gebraucht. Gemenkerhand schwätzt en elo vum Tramschauffer.

Fir Wattman ze ginn huet ee missen tëscht 22 an 32 Joer al an op d'mannst 170 cm grouss sinn. Et huet een misse gutt gesinn, näischt am Casier judiciaire stoen hunn an en Examen am Rechnen, Franséischen an Däitsche maachen[2][3].

Ursprong vum Numm[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de 7. Januar 1890 zu Clermont-Ferrand den éischte franséischen elektreschen Tram ageweit gouf, gouf e „Wattman“ gedeeft. Dësen Numm ass ouni zweiwel och den Urspronk vum Numm vu sengem Chauffer. Wattman kënnt offensichtlech vum Wuert „Watt“, der Moosseenheet fir d'Leeschtung, déi absënns an der Elektrizitéit als Energiequell vum Tram benotzt gëtt. D'Wuert gëtt deemno nom selwechte Prinzip geformt wéi „Barman“. Deen een ass hannert dem Bar verantwortlech, deen anere fir d'Reegele vun der elektrescher Leeschtung am Motor.

Anescht wéi beim Barman, wou man gemenkerhand an der Englescher Aussproch geleefeg ass (/mæn/), gouf de Wattman - wéi am Engleschen - just mat engem <n> geschriwwen, awer als mann ausgeschwat (/mɑn/).

Video[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wattman – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. (de)Dhur, Raymond, Chronik des öffentlichen Nahverkehrs in der Stadt Luxemburg 1908-1944. Hémecht, 37. Jg., nº Heft 2 (01.04.1985), S. 170. (01.04.1985). Gekuckt de(n) 06.08.2023.
  2. (fr)Chronique locale. L'indépendance luxembourgeoise, 57. Jg., nº 117, S. 3. (27.04.1927). Gekuckt de(n) 06.08.2023.
  3. (fr)Concours. Luxembourg (1935), 2. Jg., nº 88/89, S. 3. (28.03.1936). Gekuckt de(n) 06.08.2023.