Wencke Fiedler

Vu Wikipedia
Wencke Fiedler

D'Wencke Fiedler, gebuer 1980 zu Düsseldorf, ass eng Radiosspeakerin, Fernseemoderatorin a Synchronspriecherin, déi zu Lëtzebuerg an an Däitschland schafft.[1]

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Wencke Fiedler gouf zwar an Däitschland gebuer mee ass zu Lëtzebuerg opgewuess an an d'Schoul gaangen. Nom Lycée huet si d'Educateursschoul gemaach, an 2003, huet si de Casting "Eldoradio sicht de Radiostar" gewonnen. Vun do u war si 13 Joer laang reegelméisseg op Eldoradio ze héieren an huet ënner anerem d'Sendung Rockinvasion presentéiert. Donieft huet si och op RTL Télé Lëtzebuerg eng Museksemissioun moderéiert.[1],[2]

Zënter 2004 ass d'Wencke Fiedler och d'Stëmm fir Radios-, Fernsees- a Kinospublicitéit a si mécht d'Moderatioun vun Evenementer wéi Festivallen a Concerten.

2015 ass si op Berlin geplënnert a schafft zënterhier als fräiberufflech Speakerin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Biografie op sprecherdatei.de (gekuckt de 26. Juni 2023)
  2. rtl.lu: Dem Radiostar Wencke Fiedler säin neit Liewen zu Berlin (30. Oktober 2022)