Wikipedia:De Staminee/Archiv2009/Dezember

Vu Wikipedia

Wa mer bis eng Millioun Artikelen hunn...[Quelltext änneren]

Fir e klenge Virgeschmaach doropper, wat eis bléie kéinnt, wa mer bis eng Kéier 1 Millioun Artikelen hätten (daje, si mer optimistesch: hunn), hei en intressanten Artikel am Spiegel Online iwwer d'Grenze vum Wuesstëm... --Zinneke 16:38, 1. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

... an op der selweschter Plaz en och liesenswäerten Artikel iwwer déi ominéis Relevanzdefinitioun, aus der Perspektiv vun aus dem Maschinneraum. --Zinneke 10:25, 11. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

e perséinlechen Opruff... optesch ofspecken w.e.g.[Quelltext änneren]

Mojen, kéint een Admin eventuell deen Opruff esou ëmformatéieren, datt en nët esou krass d'Bild vun der Säit stéiert? Net esou fett a manner faareeg, et stéiert optesch beim schaffen. Merci, --Christian Ries 10:24, 19. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Leider ass dat net méiglech et bleiwt de Notzer vu Wikipedia just d'Méiglechkeet fir uuewe riets op "[Verstoppen]" ze klicken.

Onglécklécherweis ass un der Gréisst kaum eppes drun z'änneren. Dëst gëtt oc op anere Wikien staark diskutéiert esou zum Beipsill op der Englescher Wikipedia.

--Robby 10:46, 19. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Merci Robby, de Link ass esou kléng am Verglach mam Text datt ech dee nët gesinn hunn. :-) --Christian Ries 11:03, 19. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

De Link [änneren][Quelltext änneren]

Gudden Owend, wier et méiglech fir de Link [änneren] esou wéi op der franséischer Wiki ze formatéieren, d.h. kleng a riets vum jeweilege Titel, esou ewéi op dëst Bild:

Hei wéi et op der lb-Wiki ausgesäit, Bsp. aus dem Artikel iwwer den Dicks

--Christian Ries 18:23, 28. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat gëtt schwiereg wëll ech keng Ahnung hu wat een dofir ännere muss (.js, .css, ...?) ... Mee vläicht huet jo een aneren eng Iddi vorun dat läit. --Robby 18:30, 28. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]
Op mengem System ass all normal. Mäi Browser: MS Explorer 8 --Pecalux 18:41, 28. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Gudden Owend, Do schéngen dann zwee Problemer ze bestoen: ech schaffen am Firefox an d'Linken ginn iergendwou ënnen beieneen getässelt, wann eng Rei Biller um Ufank vum Artikel direkt hannereneen stinn. Am Internet Explorer steet de Link an der richteger Zeil, mä rechtsbündeg an nët lénks widder dem Titel. Hei ass déi zoustänneg CSS-Klass: class="editsection" an de CSS-Code am Fichier shared.css

/* Edit section links */
.editsection {
	float: right;
	margin-left: 5px;
}

An hei fir d'Schrëftgréisst am main.css anzestellen:

h1 .editsection { font-size: 53%; }
h2 { font-size: 150%; }
h2 .editsection { font-size: 67%; }
h3, h4, h5, h6 {
	border-bottom: none;
	font-weight: bold;
}
h3 { font-size: 132%; }
h3 .editsection { font-size: 76%; font-weight: normal; }
h4 { font-size: 116%; }
h4 .editsection { font-size: 86%; font-weight: normal; }
h5 { font-size: 100%; }
h5 .editsection { font-weight: normal; }
h6 { font-size: 80%;  }
h6 .editsection { font-size: 125%; font-weight: normal; }

Mä an der fr-Wiki an der de-Wiki ass de Code genee identesch mat der lb-Wiki, do muss nach eppes Aneschtes sinn. Kanns Du bei der Wiki-Foundation fir Hëllef froen? Merci am viraus, --Christian Ries 19:01, 28. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien:

Bei mär huet et och e puer Deg esou komesch ausgesinn och am Explorer 8.

Do schéngt e Problem am System ze sinn. Heiansdo gesäit en den änneren hanner enger Rei net wann e vis-à-vis vun enger Këscht steet. Dacks geet et duer fir e puer Deeg ze waarden, dann huet de Problem sech ginn. Bei e puer Säiten ass et verschwonnen wéi ech d'Biller e bësselche méi kleng gemaach hunn. Les Meloures 19:53, 28. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Neologismen vs Enzyklopedieprinzip[Quelltext änneren]

Fir dem "schlechte Gefill" lass ze ginn, wann een Artikelen ënnert engem Begrëff lemmatiséiert, deen et, mangels Fachvokabular an eiser - nach ëmmer - Ausbausprooch, net gëtt, an deen een dofir huet missen erfannen, proposéieren ech déi heite Schabloun, déi een dann einfach driwwer sëtzt:

{{Neo}}

De lëtzebuergesche Begrëff fir dëst Lemma ass eng Kreatioun vun engem Wikipedia-Auteur. En ass senges Wëssens bis ewell soss néierens nogewise ginn. Wier dat dach de Fall, soll dës Schabloun ewechgemaach an d'Quell ugi ginn. Wann a Fachkreesser en aneren Numm existéiere géif, sollt den Artikel natierlech deementspriechend geännert ginn.
Grondsätzlech ass et net un der Wikipedia, Konzepter z'erfannen. Allerdéngs wier hei d'Alternativ gewiescht, datt et soss guer keen Artikel iwwer dëse Sujet géif.


--Zinneke 23:02, 30. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]

Tip-top, dat huet gefeelt. --Christian Ries 09:23, 31. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]