Wikipedia:De Staminee/Archiv2009/Juli

Vu Wikipedia

Nikolaus Nilles[Quelltext änneren]

Hallo, ich habe den Artikel de:Nikolaus Nilles angelegt. Besteht evtl. Interesse, ihn zu importieren und/oder zu übersetzen? Grüße, --Bremond 18:35, 16. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Schreifweis-Verbesserungen: Wann, da w.e.gl. iwwerall[Quelltext änneren]

Moien all,

Et ass ganz gutt wa mer ons fir déi korrekt Schreifweisen an de Lemmata asetzen. Ech well just drop opmierksam maachen datt wann een dat mécht, an net hannendru geet, an all den Artikelen an deenen dee Lemma dee geréckelt gouf virkënnt, och verbessert dann ass et heiansdo nëmmen 1% dee verbessert gouf, well an den Artikelen steet dann nach ëmmer déi falsch Schreifweis.

Dat selwecht gëllt fir Läschpropositiounen nodeems geréckelt gouf oder bei Ersetze vu Schablounen. Wann een do net fir d'éischt d'Artikelen all duerchgekämmt huet an ersat huet, w.e.g. net fir d'Läsche proposéieren. Merci am Viraus.

Les Meloures 16:20, 22. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Hi. Can somebody write an (at least ;] ) short stub about my city (Racibórz) on your Wikipedia? Many thanks for anyone who could do that :) Olos88 07:37, 27. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

E Bléck op... a Wosst Der schonns? op der Haaptsäit[Quelltext änneren]

Moien,

just e puer Wuert Explikatioun, for the record, iwwer meng Ëmännerungen (wann och just hannert de Kulissen) op der Haaptsäit:

Bis ewell hunn d'Rubrike "Wësst der schonns?" an "E Bléck op..." missen, am Wochenturnus, 'vun Hand' g'ännert ginn. Fir ze verhënneren, dass déi Ännerung vun der Disponibilitéit vun e puer rare Guttgewëlten ofhänkt, hunn ech d'Rubriken allebéit duerch Schablounen ersat. Déi erméiglechen et, mëttels enger anerer agebauter Schabloun, an deeër d'Coden "{{CURRENTWEEK}}" (a "{{CURRENTYEAR}}") verschafft sinn, de Contenu vun deene Rubriken automatesch, punkt Hallefnuecht vu sonndes op méindes, aus enger Reserv mat neien Elementer ze "fidderen".

D' Bléck-Biller kënnen esou bei Geleeënheet am viraus preparéiert ginn, an d' Wosst-der-schonns-Teaseren si komplett fir e ganzt Joer, sou dassen se dann nees vu vir ufänke kënnen (Neier sinn natierlech nach ëmmer wëllkomm). --Zinneke 13:18, 30. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]