Wikipedia:De Staminee/Archiv2009/Mee

Vu Wikipedia

Translatewiki.net update[Quelltext änneren]

Uertsnimm am Vergiess[Quelltext änneren]

Ech hunn eng Säit fonnt, déi versicht franséisch- and däitschsproocheg Nimm vu lëtzebuergeschen Uertschafte virum Vergiess ze retten. An eisen Infoboxe gebrauche mer jo u sech just déi offiziell an dat ass och gutt esou, mee vläit seet et deem engem oder aneren eppes, am Text selwer och vergiessen auslännesch Bezeechnunge bäizesetzen. Fir de Fall wou, de Link u sech soll dann och net an de Vergiess geroden: http://exonyme.bplaced.net/Board/showthread.php?tid=54
--Otets 15:05, 22. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,
Flott an héich intressant bis op déi Saachen déi net stëmmen, an déi wou mer net gewuer ginn wou dat nozeliesen ass. Méi ass dozou net ze soen. Les Meloures 15:33, 22. Mee 2009 (UTC)[äntweren]


eLuxemburgensia[Quelltext änneren]

Gëscht ass der Nationalbibliothéik hiert neit Portal eLuxemburgensia "opgaangen", an deem elektronesch Versioune vu lëtzebuergesche Publikatiounen der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn. Zefanne sinn do déi, déi et scho gouf (am Bildformat), mee déi grouss Neierung ass, dass do elo d' Tageblatt an d' Wort vun hirer Grënnung bis 1950 ze fanne sinn (beim Wort dauert et nach bis Enn dës Joers bis se bei 1950 ukomm sinn), an och Rechereche no Wierder am Text kënne gemaach ginn (wann och mat Ofstrécher bei den Artikelen a Frakturschrëft). Sécher intressant fir Recherchen zu Artikelen, déi bis ewell just Skizze sinn. --Zinneke 15:13, 27. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Ech sinn a kengem vun deene Fäll...[Quelltext änneren]

an dofir wuel hei gelant...

Kréien eng Foto mat dësem Begleedtext:

ech kann di ellen wiki-photo net méi gesinn, kanns de se bei Geleeënheet duerch di hei ersetzen...? (mat Vermierk: photo: Katia Feltrin)

A wat man ech lo?

Et deet mir Leed ze ploen, mä bei dësen Copyright-Geschichten kann ech einfach kee klore Gedanke faassen... --Jwh 22:17, 29. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Ëm wat dréint et sech do? Watereng Foto op der Wiki soll ersat ginn?

Les Meloures 22:52, 29. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

dës...
wéi ech ersetzen ass mol net méi Problem, mä dat mat der Lizenz wann ech se eroplueden - I don't get it
--Jwh 09:42, 30. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Remoien,

Einfach beim Eroplueden den Numm vum Fotograf uginn.

Deen deen der d'Foto gescheckt huet muss sech bewosst sinn datt wann d'Foto op der Wiki steet, et ee Vull fir d'Kaz ass, well se ënner enge fräier Lizenz do muss stoen. Dofir muss de sécher sinn datt deen domat d'accord ass.

Dann, beim Eroplueden an der Këscht vun de Lizenzen einfach GFDL - GDNU oder Creative commons uklicken.

Les Meloures 10:34, 30. Mee 2009 (UTC)[äntweren]


Moien och.

"Theoreetesch" ass et um Fotograf, ze bestëmmen, ënner wat fir enger Lizenz e seng Wierker verbreet. Wann dee Fotograf dem Sujet vun der Foto dës iwwelooss huet, kinnt et ë.Ë méigleg sinn, datt en deem d'Rechter drop iwwerlooss huet, an et deemno um neie Rechterbesëtzer ass, ze bestëmmem, wat mam Bild gemaach ka ginn a wat net. Sollt dat de Fall hei sinn, ass et kee Probleem, d'Bild mat Mentioun vum Fotograf an enger fr>>äier Lizenz eropzelueden. --Zinneke 12:12, 30. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Lo mol esou gemat
Ech soe villmools Merci fir d'Hëllef a wënschen nach e schéinen --Jwh 11:27, 31. Mee 2009 (UTC)[äntweren]