Wikipedia:De Staminee/Archiv2009/Oktober-November

Vu Wikipedia

Biller-Annotatiounen[Quelltext änneren]

Moien,
zanter e puer Méint gëtt et op Commons en Tool deen et erlaabt Biller z'annotéieren. Kuckt z.B. hei: [1]. Meng Fro un d'Spezialisten: Ass et méiglech dësen Tool och bei eis hei z'implementéieren? --Cayambe 09:58, 5. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien
Souwäit wéi ech gesinn, huet nach keng vun de grousse Wikien dee System agebaut. Dann dierft et bei ons schwéier ginn. Les Meloures 11:36, 5. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]
Ok a merci. Waarde mer also nach. --Cayambe 14:51, 5. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Geographesch Koordinate vum Hexadezimalen op Dezimale System ëmrechnen[Quelltext änneren]

Gudde Moien,

Praktesch Info:

http://www.fcc.gov/mb/audio/bickel/DDDMMSS-decimal.html ass eng Säit op där e geographesch Koordinaten einfach vum Hexadezimale System op den Dezimalen ëmrechne kann an ëmgekéiert.

Les Meloures 09:57, 29. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Stater oder Staadter[Quelltext änneren]

Eng Ufro un all Spezialisten am Lëtzebuergeschen: Wéi schreiwe mer den Awunner aus der Stad (Lëtzebuerg)?

Ass et e "Stater" oder e "Staadter"?

An eisem lb.Wiki sinn déi 2 Schreifweise dacks vertrueden. Am Artikel annALes Athénée de Luxembourg fannen mer zeguer déi 2 Schreifweise beieneen. Dat mécht duercherneen! Wat meng dir? --Sultan Edijingo 16:53, 29. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat ass eng Quokelech. Et ass Stater. --Zinneke 17:49, 29. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Am Henri Rinnen sengem DFL vun 1988 steet och "Stater" ënnert dem Lemma "citadin".--Fliedermaus 18:39, 29. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

En effet fënnt een allgemeng an den Dictionären de "Stater". Wa mer eis also doriwwer eens sinn, da misste mer déi 27 Staadter aus dem lb.Wiki zu Stater maachen an och de Leit am Kolléisch dat soen. Ech mengen, do kennen ech een... --Sultan Edijingo 21:23, 29. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Translatewiki.net update[Quelltext änneren]

“Ech gleewen un eis.”[Quelltext änneren]

E Bekannten aus der de-Wikipedia huet mech mat der Nues op Texter vun der "Geldsammelaktioun 2009" ( http://meta.wikimedia.org/wiki/Fundraising_2009/core_messages/lb } gestouss. Doropshin hunn ech mer mol ugekuckt, wat an der lëtzebuergescher Versioun steet. Do sti Sätz wéi:

“Ech gleewen un eis.”
"Hei schütze mir Wikipedia, d'Enzyklopedie déi vum Vollek geschriwwe gëtt."
"Wat mécht Wikipedia bäi Iech?"
"Eist gemeinsamt Wëssen. Eise gemeinsame Schatz. Hëlleft eis en ze verdeedegen."

An der de-Diskussioun iwwer dat Déngen schrouf een: "SAGT BITTE, DASS ES SATIRE IST". --Cornischong 16:02, 8. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat si Spréchelcher aus engem "Kanon" op Englesch, déi iwwersat si ginn. Et klengt effektiv net terribel, fir net ze soen onfräiwëlleg komesch. Slogan-Spezialiste kënnen allerdéngs confirméieren, wéi schwéier et ass, e Slogan, dee grëffeg an enger Sprooch klengt, an eng aner erëmzeginn (denk un dee vu Gillette). Déi däitsch Iwwersetzung dierft iwregens net vill anescht sinn. --Zinneke 09:05, 9. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]